Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D’Maison Relais Wissbei riicht sech un Kanner am Alter vun 6-12 Joer, di an der Grondschoul um Howald an den Précoce oder am Cycle 1 – 4.2 ageschriwwen sinn.

Mir gesinn all Kand als eegestännegen an selbstbestëmmtenen Mënsch. All Kand ass anescht , huet aner Besoinen, Kenntnisser, kognitiv ewéi sozial Fäegkeeten, an eis ass et wichteg hei all Kand do ze ëmfänken wou et grad steet an et individuell no sengen eegenen Besoinen ze betreien, an him bechtméiglechst ze hëllefen sech zu engem eegestännegen Jonken ze entwéckelen.

D’Maison Relais Wissbei schafft no engem Deel offenen Konzept; dëst erméiglecht den Kanner sech zu verschiddenen Zäiten frei um Stack ze beweegen an vun deenen verschiddenen Funktionsraim an Funktionsecken ze profitéieren.

Während der Schoulzäit ass et eis wichteg de Kanner no den Hausaufgaben en Ausgläich zu der Schoul ze ginn.

Dënschdes an Donneschdes ginn während den schoulfräien Nomëtteger eng Rei Aktivitéiten ungebueden déi sech un den Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung orientéieren:

  • Emotiounen an sozial Bezéiungen
  • Werteorientéierung, Participatioun an Demokratie
  • Sprooch, Kommunikatioun an Medien
  • Ästhetik, Kreativitéit a Konscht
  • Beweegung, Kierperbewosstsinn an Gesondheet
  • Naturwëssenschaften an Technik

D’Maison Relais Wissbei schafft mat “Hesper beweegt sech” zesummen, sou dass d’Kanner sech souwuel an der Mëttesstonn wéi och Dënschdes an Donneschdes Nomëttes fir verschidden sportlech Aktivitéiten kennen aschreiwen.

Esou ginn de Kanner während der Schoulzäit esou ewéi an den Vakanzen, vun eisem multidisziplinären Team, verschiddenst Méiglechkeeten ugebueden hirt Wëssen an hirt Kënnen an allen Beräicher ze entfalen an sech optimal ze entwéckelen.

Kontakt

Simone RIETH

Responsabel vum Haus
1, rue de la Redoute
L-2412 Howald

Alma ALOMEROVIC

Responsabel adjointe vum Haus
1, rue de la Redoute
L-2412 Howald

Informatiounen