Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D’Maison Relais Reewiermercher, déi den 15ten September 2021 hier Dieren opmescht, riicht sech un Kanner am Alter vun 6-12 Joer, déi an den Zyklen 2.1. – 4.2. an der Grondschoul zu Alzéng ageschriwwen sinn.

D‘Maison Relais Reewiermercher, befënnt sech am selwechten Gebai ewéi d‘Schoul, esou dat all Säll am Kader vun der formaler Bildung, esou ewéi och vun der Non-formaler Bildung kenne genotzt ginn. An der Zukunft wäerte mir mat der Schoul och eng enk Zesummenaarbecht hunn. Ënnert anerem wäerte mir gemeinsam Versammlungen organiséieren, reegelméisseg Projeten, Elterenowender, Fester a villes méi.

Mir betruechten Kand als kompetent Individuum, mat senge ganz individuelle Bedierfnesser, Fäegkeeten a Méiglechkeeten, déi mir ënnerstëtzen a begleeden. Ausserdeem, leeën mir an eiser pädagogescher Aarbecht e grousse Wäert op den Aspekt vun der Participatioun an der Selbsteffizienz vun de Kanner.

D‘Maison Relais schafft deels nom oppene Konzept an d’Gebai verdeelt sech op 3 Stäck, esou dat all Zykle säin Stack huet an t’Kanner sech zu verschiddenen Zäiten fräi um Stack beweege kennen. Dëst bréngt mat sech dat déi verschidden Raim dem Alter vun de Kanner ugepasst sinn, déi verschidde Léierberäicher ofdecken a fir eng spezifesch Funktioun genotzt ginn. Dëst oppent Konzept erlaabt de Kanner fräi Entscheedung iwwert hiren Spillverlaf, fräi Beweegung, autonomt Léieren an Erfuerschung an deenen verschiddenen Raimlechkeeten, ewéi beispillsweis den Beweegungs-, Rollespill-, Bau-, Wëssenschafts-, Medien- oder Wierkréim.

Niewebäi wäerten mir de Kanner souwuel, wärend der Schoulzäit, op de fräien Nomëtteger, wéi och an de Vakanzen eng ganz Panoplie vun Aktivitéiten un. Mir leeën grousse Wäert drop, dass dës Aktivitéiten op fräiwëlleger Basis stattfannen. D‘Kanner kréien also eng Offer vun Aktivitéiten, déi sech un folgenden Handlungsfelder vun der Non-formaler Bildung orientéieren:

  • Emotiounen a sozial Bezéiungen
  • Werteorientéierung, Participatioun an Demokratie
  • Sprooch, Kommunikatioun a Medien
  • Kreativitéit, Konscht an Ästhetik
  • Beweegung, Kierperbewosstsinn a Gesondheet
  • Naturwëssenschaften an Technik

D‘Maison Relais Reewiermercher wäert och enk mam „Hesper beweegt sech“ zesummeschaffen, an reegelméisseg Aktivitéiten oder Projeten mat hinnen ausgeschafft ginn, fir de Kanner d‘ Freed un der Beweegung ze vermëttelen.

Onst multidisziplinäert Team wäert den entspriechenden Kader setzen fir dat d’Kanner sech bei ons wuel fillen, ëmmer een Uspriechpartner hunn, esou wéi an engem vertrauensvolle Milieu kennen opwuessen. Zudeem, schafen se och ee Wunnraum an deem d’kierperlech, kognitiv, sozial an déi emotional Entwécklung vun de Kanner ënnerstëtzt gëtt.

Kontakt

Vanessa COLLARINI

Responsabel vum Haus
30, rue de Hesperange
L-5830 Alzingen

Sandra REIS ESTEVES

Responsabel adjointe vum Haus
30, rue de Hesperange
L-5830 Alzingen

Informatiounen