Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D’Crèche « Jangeli » huet 2001 seng Dieren opgemaach no enger kompletter Renovatioun vum alen « Schankenhaus ». Mir betreie Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer.

Eist Haus huet 3 Gruppen :

  • D’Krapperten fir Kanner vun 2 Méint bis 2 Joer : 9 Platzen
  • D’Maisercher fir Kanner vun 2 bis 4 Joer : 12 Platzen
  • D’Mini-Monsteren fir Kanner vun 2 bis 4 Joer : 12 Platzen

All Kand gëtt ugesinn als eegestännegen Individue mat spezielle Ressourcen, Bedierfnisser, Wënsch, Problemer, Meenungen a Virstellungen. Mir bidden de Kanner e vertrauensvollt Ëmfeld, domat sech all Kand no sengem Rhythmus entwéckele kann. Berécksiichtegt ginn d ‘Schwächen an d’Stäerke vun all de Kanner a genee dorun orientéiere mir eis. De Schwéierpunkt vun eiser non-formaler Bildungsariichtung läit op der Betreiung, Bildung an Erzéiung.

Mir hunn een enke Kontakt mat den Eltere wou mer als Erzéiungspartner zesumme schaffen. Eis edukativ Aufgab ass et, net just d ‘Kanner, mee och d'Elteren ze begleeden a Bezuch op d ‘Erzéiung vun hirem Kand.

Eis pädagogesch Aktivitéiten sou wéi Projet ‘en orientéieren sech un den Handlungsfelder vun der non-formaler Bildung, déi sinn:

  • Kreativitéit, Konscht a Bastelen no der Saison an Evenementer (Mammendag, Pappandaag… asw…),
  • Sprooch, Kommunikatioun a Bicher,
  • Beweegung, Turnen an Austoben,
  • Wäerter, Participatioun,
  • Emotiounen a sozial Bezéiungen
  • Wëssenschaft an Technik

Des weidere bezitt sech eis Offer op d’Méisproochegkeet, wou et eist Zil ass, d ‘Kanner op eng spilleresch Manéier mam Lëtzebuergeschen a Franséischen ze familiariséieren.

Kontakt

Petra VANDENBOSCH

Responsabel vum Haus
395, route de Thionville L-5887 Hesperange

Marcel REEFF

Responsabel adjoint vum Haus
395, route de Thionville L-5887 Hesperange

Informatiounen