Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D‘Maison Relais Hesper Heesprénger riicht sech un Kanner am Alter vun 6 – 12 Joer, déi an den Cyclen 2.1.-4.2. an der Grondschoul zu Hesper oder zu Fenteng ageschriwwen sinn.

Mir gesinn all Kand als eegestännegen an selbstbestëmmenden Mënsch. All Kand ass anescht, huet aner Besoinen, Kenntnisser, kognitiv ewéi sozial Fäegkeeten, an eis ass et wichteg hei all Kand do ze ëmfänken wou et grad steet an et individuell no sengen eegenen Besoinen ze betreien, an him beschtméiglechst ze hëllefen sech zu engem eegestännegen Jonken ze entwéckelen.

Während der Schoulzäit ass et eis wichteg de Kanner no den Hausaufgaben en Ausgläich zu der Schoul ze ginn.

Bei der Ausaarbechtung vun all eisen pädagogeschen Aktivitéiten leen mir eng grouss Importenz drop verschidden Felder ofzedecken, fir datt all Kand sech an enger Aktivitéit kann erëm fannen. Di pädagogesch Aktivitéiten baséieren ëmmer op folgenden Pilieren:

  • Emotiounen an sozial Bezéiungen
  • Werteorientéierung, Participatioun an Demokratie
  • Sprooch, Kommunikatioun an Medien
  • Kreativitéit, Konscht an Ästhetik
  • Beweegung, Kierperbewosstsinn an Gesondheet
  • Naturwëssenschaften an Technik

Esou ginn de Kanner während der Schoulzäit esou ewéi an den Vakanzen, vun eisem multidisziplinären Team, verschiddenst Méiglechkeeten ugebueden hiert Wëssen an hiert Kënnen an allen Beräicher ze entfalen an sech optimal ze entwéckelen.

Kontakt

Isabelle KEMP

Responsabel vum Haus
9, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange

Daniel MATHIEU

Responsabel adjoint vum Haus
9, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange
Öffnungszäiten während der Schoulzäit:
Méindes bis Freides: 8.00 - 16.00 Auer

Informatiounen