Skip to main content

Häerzlech Wëllkomm beim Jugendtreff Hesper!

Eng Plaz fir dech...

News headlines

Häerzlech Wëllkomm.

De Jugendtreff Hesper ass, wéi den Numm et seet, en Treffpunkt fir Jonker am Alter tëscht 12 an 30 Joer. Di Jonk hunn d‘Méiglechkeet sech op dëser Plaz mat anere Jonken auserneen ze setzen, sech auszetauschen, zesummen ze diskutéieren an eppes zesummen z‘erliewen. Mir huelen déi Jonk eescht, souwuel an den ënnerschiddleche Phase vun der Pubertéit wéi och an der schwiereger Phase vum Erwuesseginn, wou se mussen Entscheedungen iwwer d‘Zukunft treffen.

Mir probéieren an eiser Aarbecht op all déi verschidde Bedürfnisser vun de Jonken anzegoe wéi Raum, Informatioun, Erliefnisser, Identitéit, Individualitéit a Kultur. Essentiell dobäi ass d’Bezéiungsaarbecht un där mir all Dag schaffen.

All dës Bedürfnisser baue mir an eise Projeten, Atelieren an Aktivitéiten, déi ab dem 16. September erëm ulafen, mat an.

Weider Informatiounen dozou an zu ons fannt dir hei op eisem Site, um Facebook, op Instagram oder op onsem Snapchat.

Zum Ofschloss wëll ech der Gemeng Hesper, dem Ministère de l‘Education, dem Service National de la Jeunesse an net ze vergiessen dem Service Enfants et Jeunes de la Commune de Hesperange a.s.b.l. op dëser Plaz en décke Merci soen dass si ons esou gutt ënnerstëtzen.

Dee gréisste Merci gehéiert awer menger Equipe, déi ech iech elo hei kuerz virstellen: 
Mataarbechter Jugendtreff Hesper

Pol Godinho
Chargé de direction

Nächst Aktivitéiten

Add eis ob Social Media!

Facebook

Pol Godinho (Jugendtreff Hesper)

Snapchat

Jugendtreff Hesper

YouTube

Jugendtreff Hesper

Instagram

jugendtreffhesper

Brauchs du Hëllef oder Informatiounen?

Ruff eis un: (+352) 26 36 02 88
oder kontaktéier eis iwwer Email: Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Eis Kontaktinformatiounen: