Skip to main content

Wat Bidde mir, wat sinn eis Ziler ?

D'Maison Relais Hesper Holzwiermercher riicht sech un Kanner am Alter vun 3 bis 12 Joer, déi an der Précoce, an an den Cyclen 1.1.-4.2. an der Grondschoul zu Izeg ageschriwwen sinn.

Mir gesinn all Kand als eegestännegen an selbstbestëmmenden Mënsch. All Kand ass anescht , huet aner Besoinen, Kenntnisser, kognitiv ewéi sozial Fäegkeeten, an eis ass et wichteg hei all Kand do ze emfänken wou et grad steet an et individuell no sengen eegenen Besoinen ze betreien, an him beschtméiglechst ze hëllefen sech zu engem eegestännegen Jonken ze entwéckelen.

Während der Schoulzäit ass et eis wichteg de Kanner no den Hausaufgaben en Ausgläich zu der Schoul ze ginn.

Bei der Ausaarbechtung vun all eisen pädagogeschen Aktivitéiten leeën mir Groussen Wäert drop, verschidden Felder ofzedecken, fir datt all Kand sech an enger Aktivitéit kann erëm fannen. Di pädagogesch Aktivitéiten baséieren ëmmer op folgenden Pilieren:

  • Emotiounen an sozial Bezéiungen
  • Werteorientéierung, Participatioun an Demokratie
  • Sprooch, Kommunikatioun an Medien
  • Ästhetik, Kreativitéit a Konscht
  • Beweegung, Kierperbewosstsinn an Gesondheet
  • Naturwëssenschaften an Technik

Esou ginn de Kanner während der Schoulzäit esou ewéi an den Vakanzen, vun eisem multidisziplinären Team, verschiddenst Méiglechkeeten ugebueden hiert Wëssen an hiert Kënnen an allen Beräicher ze entfalen an sech optimal ze entwéckelen.

Kontakt

Fabienne HAAN

Responsabel vum Haus
Rue de l'Ecole
L-5957 Itzig

Caroline RUZZENE

Responsabel adjointe vum Haus
Rue de l'Ecole
L-5957 Itzig

Informatiounen