ACTIVITÉS DE VACANCES

Dëst Joer verlafen d’Vakanz-Aktivitéiten am JugendTreff Hesper e bëssen aneschtes wéi soss ëmmer. Domat sech net ze vill Jonker sech vermëschen, organiséiere mir 2 Kolonien.

Déi éischt Kolonie fënnt vum 19. bis den 23. Juli 2021 an d’Area 47 (Eisträich) statt.
Fir do kënne mat ze goe muss een tëschent 14 a 26 Joer al sinn an eng finanziell Participatioun vun 300€ ginn.

Déi zweet Woch fuere mir op d’Adventure Valley zu Durbuy (Belsch).
Fir dëst Kolonie muss een tëschent 12 a 26 Joer al sinn an 150€ bezuelen.

Sport, Adrenalin a Spaass ass hei ugesot.

De Chalet, d’Iessen, den Encadrement an d’Aktivitéite sin am Präis vun den zwou Kolonie mat agerechent.
Wëllste matmaachen? Dann mell dech un!

INFORMATIONS

Pour des informations supplémentaires n’hésitez pas à contacter Monsieur Pol GODINHO (tél.: 26 36 02 88 ou par e-mail :Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.)

an Zesummenaarbecht mat:

© Copyright 2019 by Service Enfants et Jeunes de la Commune de Hesperange a.s.b.l.