E gesondheetsschiedlechen Liewensstil ass typesch fir d'Leit vum 21. Joerhonnert, dëst gëllt leider och fir eis Kanner: mir iessen ze vill an beweegen eis ze wéineg, bis zu dem Punkt wou mir eis Gesondheet mëttel- a laangfristeg schiedegen.
Et besteet Handlungsbedarf: iwwerzeegen a sensibiliséieren, schéin a gutt, awer et musst een och konkret Aktiounen ubidden. An dësem Kontext, gëtt eng wéineg spektakulär, mee eng dofir ëmsou liewensno Initiativ organiséiert, mat der klorer Ofsiicht, Schoulkanner net méi mam Bus oder mam Auto an Schoul ze bréngen, mee mam "Bei-Schoul-zu-Fous Bus" genannt PEDIBUS, deen no an no am ganzen Schoulsektor agefouert gëtt. Sou ass schonn en Minimum vum deeglechen Beweegungsbedarf vum Kierper um Schoulwee gedeckt. Wäit iwwert den physiologeschen Effekt eraus, den een als "Gesondheetsstimuléierend" bezeechne kann, kann och e Mentalitéitswiessel stattfannen an eis Kanner zu aktiveren Gewunnechten am alldeeglechen Liewen verleeden.
Mir hoffen, dass sech, och wei an aneren Gemengen mat esou Initiativen, d'Idee vum PEDIBUS duerchsetzen kann. All Schrëtt zielt, och deen vun de Schoulkanner vum PEDIBUS. Mat der Aféierung vun den Tempo 30-Zonen an der Gemeng Hesper, garantéiert de Projet "De sécheren Schoulwee" e sécheren Schoulwee. Bei de Schoulen zu Fenteng wei och zu Hesper ginn zäitlech begrenzten Tempo 30-Zonen a noer Zukunft ageriicht.