De Label "Proufsall" gëtt u Jugendhaiser verginn, déi e Proufsall hunn deen den technesche Sécherheetsufuerderungen entsprécht a wou de Responsabelen eng Formatioun vum SNJ iwwert d'Jugendaarbecht am Beräich vun der Musek huet.
Déi Musekgruppen déi wëllen am Programm « Label Proufsall » matschaffen kenne vun enger spezialiséierter Ënnerstëtzung profitéieren: Begleedung bei de Prouwen (coachen) vu professionelle Museker, workshops on demand, Studio-Opnamen an d'Méiglechkeet op virun Public ze spillen (DOW, elake, FFYS, Fête de la Musique, Fête Nationale, ….).